zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
50
10 April 2026
Rewire Festival zu Den Haag
De Weekend ass zu Den Haag déi 15. Editioun vum Rewire Festival, bei deem experimentell Musek a Konscht am Vierdergrond steet. Gëschter Owend war schonn den Optakt, haut geet et dann esou richteg lass. Fir eis ass de Max Tholl dobäi, deen eis e klengen Ausbléck op de Festival gëtt.
8 min
10 April 2026
"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"
Jonk si wärend de "bläie Joren" a jonk sinn haut. Den Dario Ferrari verbënnt déi zwou Zäiten a sengem rezent op Däitsch iwwersate Roman "Die Pause ist vorbei" (Verlag Klaus Wagenbach). D'Buch kombinéiert e frësche Bléck op de radikale politeschen Engagement an de 70er Jore mat enger Satir vum akademesche Milieu hautdesdaags. De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam...
13 min
09 April 2026
One Piece Live Action
Eng Adaptatioun vum Anime a Manga "One Piece", geschriwwe vum Eiichiro Oda. Eng Pirategeschicht, bei där d'Live-Action-Adaptatioun ganz vill richteg mécht.
5 min
09 April 2026
Maz Univerze - The Oracle a méi
De Lëtzebuerger Rapper a Museker Maz Univerze hat ee rasant Joer 2025. Hien huet op Festivallen an Däitschland an der Slovakei gespillt, war um E-Lake an um 404 ze erliewen an ass mat Dock in Absolute an Taiwan gereest. Mat der neier Single “THE ORACLE” ass neit Material ënnerwee, a vläicht geschwënn op der Bün. De Marc Clement an de Jeff Schinker froen no.
13 min
09 April 2026
What a Mess We've Done: den Arthur Clees iwwer seng zweet Soloplack
De Lëtzebuerger Museker Arthur Vinzent Clees huet am Mäerz "All of the Days That Go By", säin zweete Soloalbum, erausbruecht, op deem sech seng Talenter als Museker, Komponist a Produzent op engem eklekteschen Album mat spannenden Elektrosounds vereenen. De Museker, dee viru Kuerzem um 100,7 eng Aircheck Session mam Jazz Ensembel Jambal gespillt huet, war bei eis am Studio fir iwwer seng nei...
23 min
08 April 2026
"Le Ciel a disparu" vum Alain Blottière
En eelere Schrëftsteller wëllt den Elon Musk ëmbréngen, well dee fir hien den Architekt vum Enn vun der Welt ass: Nodeems mir gëschter um 7. Abrëll engem Atomkrich esou just aus dem Wee konnte goen, ass d’zentral Fro am Alain Blotière sengem Roman “Le ciel a disparu” méi aktuell wéi jee: Wat maache mir mat deene Leit un der Muecht, déi eise Planéit an d’Mënschheet wëllen zerstéieren? De Jeff...
8 min
08 April 2026
Dem Nik Novak seng Lautspriecher-Skulpturen zu Esch
Ouschtervakanz: do ass et traditionell bei eis Büro méi eidel an och dobausse wierkt alles méi roueg. Vläicht den ideale Moment fir emol iwwer verschidden Hannergrondgeräischer nozedenken, déi eis soss esou am Alldag stéieren, zum Deel psychesch manipuléieren. D’Escher Konschthal proposéiert zu dësem Sujet d’Gruppenexpo “État bruit”. Wonschkandidat an Ausgangspunkt vun der Ausstellung waren den...
23 min
07 April 2026
Decolonizing at Manchester Museum
De Manchester Museum huet Enn Dezember en "Africa Hub" opgemaach, eng Plattform a sengem Musée an och online, déi sech mat deem beschäftegt, wat e selwer net weess, a fir d’Kooperatioun vu Membere vum Public ze froen, déi dës Informatiounen eventuell hunn. Eis Korrespondentin am Vereenegte Kinnekräich Marie Billon hëlleft, d’Rätsel ze léisen.
2 min
07 April 2026
Gewënner a Verléierer vun der Revolutioun a Rumänien
Déi rumänesch Schrëftstellerin Gabriela Adameșteanu gëllt zënter Joerzéngten als eng vun de wichtegste Stëmme vun der rumänescher Literatur. Viru Kuerzem war si op der Leipziger Buchmesse fir hire leschten, op Däitsch iwwersate Roman "Stimmen auf Abstand" (Wallstein Verlag) ze presentéieren. De Michel Delage huet mat der Gabriela Adameșteanu geschwat.
17 min
07 April 2026
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vum aktuelle Filmprogramm mam Michel Delage
5 min