zeno
Home
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Log in
Sign up
Toggle Sidebar
zeno
RTL Télé Lëtzebuerg
Kloertext fir ze lauschteren
Society & Culture
Luxembourgish
D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Website
Episodes
100
15 January 2026
Nei Weltuerdnung: Dee Staarke wënnt an d’EU e Vull fir d’Kaz?, 15/01/2026
"Ech wëll dat, ech braucht dat an ech huele mir, wat ech wëll." Méi komplizéiert schéngt d’Weltbild vum Donald Trump net ze sinn.Ass d’EU just nach e Vull fir d’Kaz tëscht den USA, China a Russland, déi sech d’Welt ënnereneen opdeelen? Wat fir Méiglechkeeten hunn d’Europäer a wat bedeit eng Weltuerdnung vum Recht vum Staarke fir kleng Länner wéi eist?
01 January 2026
Den traditionellen Neijoerschinterview mam Premier Luc Frieden, 01/01/2026
Wat waren d'Erausfuerderungen a wéi wëll d'Regierung 2026 hir Prioritéite setzen? D'Caroline Mart kuckt mam Premier zréck op 2025 an no vir op 2026.
1 h 35 min
18 December 2025
"Ouni Rechtsstaat an Europa si mir e Vull fir d’Kaz!", 18/12/2025
Fir den Ofschloss vum Joer maache mir am Kloertext de Réckbléck vun der grousser nationaler an internationaler politescher Aktualitéit.De Kloertext mam Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn
1 h 20 min
04 December 2025
Kommerzialiséiert Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient?, 04/12/2025
Kommerzialiséiert Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient?
1 h 36 min
20 November 2025
Si Wirtschaft, Mënscherechter a Klima kompatibel?, 20/11/2025
CSV an DP schwätze vu Pragmatismus, LSAP an déi Gréng vu Verwässerung.
1 h 17 min
06 November 2025
Duerch den Doud fir d'Liewe léieren, 06/11/2025
E ka stënterlech kommen, ouni Virwarnung, ouni Logik scho ganz jonk, oder no laangem erfëllte Liewen: den Doud.
1 h 5 min
23 October 2025
Dronen, KI a Cyberattacken: en neie Krich?, 23/10/2025
Gëllt just nach d’Recht vum méi Staarken? Wat brauch et u Personal a Material? Sinn Dronen déi nei Wonnerwaff?Jo, nee, dach an awer net – déi lescht Deeg war et e grousst Hin an Hier, ob et zu enger Entrevue Trump-Putin kënnt. Lo huet den US-President erkläert, dass d’Gespréicher mam Kreml-Chef zwar ëmmer gutt wieren, awer néirens hiféieren, an d’USA hu Sanktioune géint russesch Pëtrolsfirmaen...
1 h 1 min
09 October 2025
Déi Jonk: Ons Zukunft, mee net op si gelauschtert?, 09/10/2025
D'Erausfuerderunge vu muer an den Ëmgang vun deene Jonke mat dëse sinn Thema an dëser Editioun vum Kloertext.
58 min
25 September 2025
Avortement an d’Verfassung: jo oder nee?, 25/09/2025
Déi aktuell Diskussioun ass net pro oder kontra Ofdreiwung, well dat an engem Gesetz verankert ass, mä ob dëst och an d'Verfassung opgeholl soll ginn.Soll den Avortement an d'Verfassung stoe kommen? A wa jo wéi? Als Recht oder als Fräiheet vun der Fra? Ëm déi Froen goung et am Kloertext op der Tëlee. Aktuell läit jo eng Gesetzpropos vun déi Lénk um Dësch, fir op dee Wee ze goen, ma net jiddereen...
1 h 5 min
10 July 2025
Sozialdialog: Kou vum Äis oder nach alles op?, 10/07/2025
De Punkt geet un d’Gewerkschaften, mee de Match ass net gelaf an et ass net kloer, ob Hallefzäit ass an nächste Méindeg ofgeschloss oder verlängert gëtt.
1 h 0 min