Lëtzebuerger Ensembel spillt um Konz Musik Festival
03 September 2025

Lëtzebuerger Ensembel spillt um Konz Musik Festival

Klassik aktuell

About
D'Kammerata Luxembourg steet zanter 40 Joer fir d'Promouvéiere vun der Kammermusek. Dobäi ass et de Museker:inne besonnesch wichteg déi zäitgenëssesch Musek erëm méi an de Vierdergrond ze réckelen. Zanter hirer Grënnung hunn si zum Beispill 13 Wierker fir den Ensembel schreiwe gelooss, an dat vu Komponisten déi alleguer op déi eng oder aner Aart a Weis eng Verbindung mat Lëtzebuerg hunn. Mee net nëmmen hei am Land kann een e Concert vun der Kammerata lauschtere goen, si sinn nämlech och am Ausland aktiv. De leschte Sonnden 31. August huet d'Kammerata zum Saison-Optakt e Concert um Konz Musik Festival gespillt. Um Programm stoungen do Wierker vum Arnold Schönberg a vum Olivier Messiaen.
D'Geiistin a Präsidentin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Béatrice Rauchs hunn sech mam Carole Mallinger-Leyers iwwert dësen Optakt-Concert vun hirer 40ter Saison ënnerhalen.