International Staren zu Diddeleng um FIMOD
10 September 2025

International Staren zu Diddeleng um FIMOD

Klassik aktuell

About
Zanter 2002 fënnt all Joer de Festival International de Musique d’Orgue de Dudelange statt. Dëst Joer kann een do nieft dem Diddelenger Titularorganist Alessandro Urbano och grouss International Stare wéi de Wayne Marshall, de Baptiste-Florian Marle-Ouvrard oder de Jean-Baptiste Robin lauschtere goen.
Gläichzäiteg kann een do am Moment och déi zéngt Editioun vum Internationalen Uergel-Concours materliewen. D'Finall dovunner ass Freidesowes, den 12. September. De Jury stellt sech zesummen aus nationalen an international ganz bekannten Nimm.
De President vum Festival Jean Eloi Olinger huet am Gespréich mam Carole Mallinger-Leyers méi iwwer de Programm vum Festival a vum Concours verroden.