
About
"Pour Elise" vum Beethoven oder dem Chopin seng Nocturnë ginn dacks um Piano gespillt an och op Albumen opgeholl. Wéi ass et zum Beispill mam Tschaikowski sengem “Schwanensee”-Ballet oder dem Debussy senger “Prélude à l'après-midi d'un faune”? Déi Wierker goufen original fir aner Instrumenter komponéiert, mee et ginn awer ëmmer méi Transkriptiounen, déi d'Spillen um Piano erméiglechen. De Romain Nosbaum huet eng Passioun fir esou Wierker um Piano de Leit méi no ze bréngen. Dat ass och d'Zil vu sengem neisten Album "For Piano ... or not".
De Lëtzebuerger Pianist verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi.
De Lëtzebuerger Pianist verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi.