
An dëser 46. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ennerhalen de Lex an de Bob sech driwwer wéi besonneg d'Generatioun 50+ d'Gefor leeft fir sech ze radikaliséieren an an de Bann vu Verschwörungstheorien, Esoterik a soss geféierlechen Ideologien ze geroden, obwuel mer bis elo ëmmer gemengt hunn et wären déi Jugendlech déi ee virun de Gefore vu Fake News, Filterblosen und co. schütze misst. Haut ass Safer Internet Day, an d'Autorin vum Buch wou d'Initialzündung fir d'Iddi vun dëser Episode ginn hat, waren haut zu Lëtzebuerg fir ee Virtrag - op Aluedung vu GoldenMe Lëtzebuerg, enger asbl wou de Bob och am Verwaltungsrot ass. D'Sarah Pohl an d'Mirjam Wiedemann beschäftegen sech a Baden-Württemberg scho méi laang mat der Problematik. De Lex an de Bob stellen sech och d'Fro inwiefern grad mir Humanistinnen an Humanisten aktiv sollte ginn fir Menschen opzeklären iwwer déi Geforen an och fir hier Hëllef unzebidden.
Weider Infos zum Buch: https://www.perlentaucher.de/buch/sarah-pohl-mirijam-wiedemann/abgetaucht-radikalisiert-verloren.html
Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.