Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Podcasts
Audiobooks
Bible
By Genre
By Location
By Language
Religious
Music
News
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
Radio 100,7
Invité:e vum Dag
News
Luxembourgish
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Website
Episodes
Episodes
50
01 October 2026
Claude Wiseler, Chamberpresident
Dronen, Petititiounen, Piraten a Stabilitéit vun den Institutiounen: Dat si Stéchwieder am Gespréich mam éischte Bierger vum Land.
30 September 2026
Michel Reckinger, UEL-President
Haut ass dem Michel Reckinger säi leschten Dag als President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen: Zäit fir e Bilan.
29 September 2026
Georges Wagner, Direkter vun der Associatioun vun der Assurance accident
D'AAA ass zoustänneg fir d'Preventioun an Entschiedegung bei Accidenter um Wee bei an op der Aarbecht souwéi bei Beruffskrankheeten. Zejoert gouf se iwwer 15.000 Mol sollicitéiert.
28 September 2026
Sam Tanson
Déi gréng Deputéiert äussert sech zu der Krisekommunikatioun vun der Regierung, zu der Affär Fridman an erkläert, firwat hir Partei géint d'Steierreform wäert stëmmen.
25 September 2026
Eric Thill
Muer ass den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Eréischt fir déi 2. Kéier, nodeems de Kulturministère deen Dag d’lescht Joer ageféiert huet. Wéi kann a soll d’Lëtzebuergescht nach weider promovéiert ginn. Firwat wëllen net méi Leit Lëtzebuergesch-Proff ginn a wat soll am nächsten Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch drastoen, dat froe mir den DP-Kulturminister Eric Thill.
24 September 2026
Gary Diderich, zukënftegen Deputéierte vun déi Lénk
Hie rotéiert am Oktober mat der Ana Correira an d'Chamber. Wéi wëlle si un d'Aarbecht vun hire VIrgänger uknäppen?
23 September 2026
Patrick Schnieder, Member vum Bundestag (CDU)
Wou steiert déi däitsch CDU hin? A wéi vill vun deem Wee ass mam President a Bundeskanzler Friedrich Merz ze maachen? Dat froe mir de fréiere Verkéiersminister.
22 September 2026
Steve Thull, Chef vun der Lëtzebuerger Arméi
Op den 1. Oktober gëtt et ee Wiessel un der Spëtzt vun der Arméi an de Steve Thull geet an d'Pensioun. Wat behält hien aus de leschte 6 Joer zeréck a wou steet d'Arméi elo?
21 September 2026
Rejko Krüger, Neurolog am Luxembourg Centre for Systems Biomedic
Um Weltalzheimerdag froe mir den Direkter vun der Abteilung Transversal Translational Medicine vum Fuerschungszenter LIH (Luxembourg Institute of Health) a Spezialist fir neurodegenerativ Krankheeten, wéi déi nei KI-baséiert Diagnos-Outile fonctionéieren, an ob Chatbots d'Gehierfitess beaflossen.
18 September 2026
Carla Carvalho, Presidentin vun der nationaler Elterevertriedung
No de schlechte PISA-Resultater huet den Educatiounsminister ënner anerem d'Elteren an d'Flicht geholl. Wéi gesinn déi Concernéiert dat?