About
Rivalitéiten – tëscht enger Fra an der Gemeinschaft, déi si ophëlt, tëscht zwee Meedercher ënnert sech an engem kathoulesche Chouer, tëscht zwee Meteorologe just virum Débarquement vun den Amerikaner an der Normandie, an tëscht der Wourecht an dem Silence am Post-Pinochet Chile – am Grousse Kino beschwätzen d’Vesna Andonovic an de Jeff Schinker “Pressure” vum Anthony Maras, “Little Trouble Girls” vun der Urska Djukic, “Rose” vum Marcus Schleinzer an “El Deshielo” vun der Manuela Martelli.