Ästheete vun der Gewalt
30 May 2026

Ästheete vun der Gewalt

Grousse Kino

About
Mir feieren de grousse Retour vun zwee Ästheete vun der Gewalt - de Guy Ritchie ass zeréck mat "In the Grey" an de Quentin Tarantino bréngt mat "Kill Bill: The Whole Bloody Affair" endlech déi Versioun an de Kino, déi e vun Ufank un am Kapp hat. Nieft Actionkino gëtt et awer och en duebele Cannes-Volet: de Jeff Schinker an de Marc Trappendreher beschwätzen deen an der Quinzaine des cinéastes presentéierten a mat dem Prix du Public an der Caméra d’Or ausgezeechenten "The President’s Cake" an zéien de Bilan vum Palmarès vum 79. Festival de Cannes.