zeno
Home
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Log in
Sign up
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Europa Aktuell
News
Luxembourgish
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
Website
Episodes
50
07 November 2025
Belsch: De Bart de Wever bleift Premier - mee fir wéi laang?
Mir froen eis Korrespondentin Agathe Cherki, wat hanner der belscher Regierungskris stécht.
5 min
06 November 2025
EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz?
No engem reegelrechte Verhandlungsmarathon si sech d’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner eens ginn iwwer een europäescht Klimazil fir 2040. Um Dësch läit elo eng ofgeschwächte Versioun vun deem, wat ursprünglech geplangt war.D’Stéchwuert fir d’Ännerungen, déi um Enn d’Skeptiker ënner de Memberlänner iwwerzeegt hunn, ass “Flexibilitéit”. D’Länner an domat d’Entreprisë solle manner strengen,...
8 min
04 November 2025
Albanien: Ee vun de Frontrunner fir Member vun der EU ze ginn
Néng Kandidate sti vrun der Dier, fir Member vun der EU ze ginn. D'EU-Kommissioun presentéiert haut, Dënschdeg, 4.11., de Rapport doriwwer, wou si an deem Prozess dru sinn. Als éischt, an där File vu Länner, fir an d’EU eranzekommen, ass de Montenegro, duerno kënnt Albanien. Den Europadeputéierten Andreas Schieder, éisträichesche Sozialdemokrat a Rapporter vum Europaparlament iwwer Albanien...
6 min
03 November 2025
EU-Liwwerkettegesetz: Marc Angel “houfereg” op geplatzte Kompromëss
D’EU-Parlament sollt sech näischt vun de Staats- a Regierungscheffe virschreiwe loossen, seet de Marc Angel. Den LSAP-EU-Deputéierte war ee vun deenen, dee sech net un ee Kompromëss gehalen huet, deen no wochelaange Verhandlungen tëschent de Fraktioune vun der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberale fonnt gi war.
5 min
28 October 2025
Martine Hansen mécht weider Campagne géint Deforestatiouns-Gesetz
D’Propose fir d’Reglement géint d’Entwaldung ze vereinfachen, ginn net wäit genuch, sou d’Agrarministerin. Si widdersprécht dobäi deels den Aussoe vun der EU-Kommissioun a schwätzt sech weider dofir aus, datt Lëtzebuerger Betriber gréisstendeels misste vun de Reegelen befreit ginn. D'Fro ass, wéi vill aner Länner sech där Positioun uschléissen.
5 min
25 October 2025
EU-Sommet: keng Visiounen
Ukraine, Klima - den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kuckt zréck op de EU-Sommet vum Donneschdeg a stellt fest, datt déi 27 sech erëm an der Konscht vum Kompromëss üben.
3 min
24 October 2025
Russescht Staatsverméigen benotzen: D'Iddi koum net virun um EU-Sommet?
Um EU-Sommet gëscht goufe keng konkret Decisioune geholl - zum Beispill net doriwwer ob d’Ukrain da soll déi Sue vum russesche Staat, déi zanter dem Krich an der EU blockéiert sinn, zur Verfügung gestallt kréien. Och déi ëmstridde Fro, mat wéi engem Klimazil d’EU op d’Klimakonferenz Mëtt November a Brasilie fiert, ass op bliwwen. Wat heescht dat? Ass d’Iddi, déi russesch Suen ze benotzen quasi...
6 min
18 October 2025
EU-Defense: Et kënnt op d'Memberlänner un
D’Decisioune méi Suen an d’Defense ze stiechen si scho méi laang gefall - elo muss geliwwert ginn - dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. Si huet den Donneschdeg ee Fahrplang virgeluecht - wéi d’Länner aus der EU solle konkret virgoen. Si sinn et nämlech, déi dee Plang ëmsetze mussen - op si wäert et also ukommen. Wat genee gëtt vun hinnen erwaart a wéi realistesch ass dee Plang?...
6 min
17 October 2025
EU-Defense: Et kënnt op d'Memberlänner un
D’Decisioune méi Suen an d’Defense ze stiechen si scho méi laang gefall, elo muss geliwwert ginn, dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. Bréissel huet e Mëttwoch ee Fahrplang virgeluecht, wéi d’Länner aus der EU solle konkret virgoen. Si sinn et nämlech, déi dee Plang ëmsetzen mussen. Op si wäert et also ukommen. Wat genee gëtt vun hinnen erwaart a wéi realistesch ass dee Plang a...
6 min
15 October 2025
Frankräich: Kann de Sébastien Lecornu sech als Premier halen?
Eise Korrespondent zu Paräis analyséiert, wéi déi aner Parteie reagéieren, nodeems de Premier ugekënnegt huet déi ëmstridde Pensiounsreform aus ze setzen.
5 min