Patrick Schon: "Längerfristeg kann ee vum Opstig schwätzen", 19/01/2026
19 January 2026

Patrick Schon: "Längerfristeg kann ee vum Opstig schwätzen", 19/01/2026

Drëtt Hallschent - De Sport-Talk

About
Dës Woch ass aus dem Äishockey de President vum Tornado Lëtzebuerg Patrick Schon Invité vum Sam Rickal.



Den Tornado Lëtzebuerg ass ee vun deene groussen Äishockey-Veräiner am Grand-Duché a spillt souwuel am Lëtzebuerger Championnat LHL, wéi och der zweeter franséischer Divisioun. Donieft gëtt et mat de Beefort Knights an de Lëtzebuerg Foxes zwou weider grouss Ekippen, déi awer an der éischter belscher Divisioun spillen. De Patrick Schon huet bis ëm 2019 selwer Äishockey gespillt. Quasi direkt no senger Spillerkarriär gouf de 47 Joer ale Lëtzebuerger President vum Tornado Lëtzebuerg an ass och bei der Lëtzebuerger Äishockey Federatioun als Tresorier aktiv.