Drëtt Hallschent mam Jempy Drucker, 15/12/2025
15 December 2025

Drëtt Hallschent mam Jempy Drucker, 15/12/2025

Drëtt Hallschent - De Sport-Talk

About
Zanter gutt 3 Joer ass de Jemyp Drucker elo schonns Vëlosnationaltrainer. Am Podcast gëtt ee gewuer, wéi seng Aarbecht ausgesäit.



Nodeems de Jempy Drucker seng aktiv Vëloskarriär un den Nol gehaangen huet, ass hie praktesch direkt bei d'FSCL gewiesselt, fir Nationaltrainer ze ginn. Mat den Espoiren huet hien dëst Joer ënnert anerem Etappen am Tour de l'Avenir an am Tour de Luxembourg gewonnen. Am Podcast erzielt de Jempy Drucker ënnert anerem, wéi seng deeglech Aarbecht ausgesäit. Et gëtt een och gewuer, firwat de Vëlodrome wichteg fir de Vëlossport bei eis am Land ass.