Episode 9: Behind the Scenes - National Team Edition
22 November 2025

Episode 9: Behind the Scenes - National Team Edition

Coachseet

About

An dëser Episode huele mir iech mat hannert d’Kulissen vun eiser Zäit mat der Nationalekipp. Mir schwätzen doriwwer, wéi eis “Fënster” ofgelaf ass – vun den intensiven Traininger bis bei déi méi roueg Momenter tëschendrun. Et geet natierlech och ëm déi vill witzeg Erfarungen, déi mir ënnerwee gemaach hunn: kleng Missverständnesser, spontan Improvisatiounen a Situatiounen, déi een einfach muss mat erliewt hunn, fir se ze gleewen.

En anere grousse Punkt an der Episode ass den Trainerwiessel. Mir kucken dorop zréck, wéi dat intern eriwwerkomm ass, wéi sech d’Dynamik verännert huet, an natierlech fale mir och e puer humorvoll Anekdoten iwwer eis Traineren – well ouni déi géif et jo guer kee richtege Behind-the-Scenes ginn.