Skip to content
Opens in a new window
Episode 21: Fraesport a Gefor? D’Debatt ëm Trans Athletinnen & d’Basket-WM
03 September 2026

Episode 21: Fraesport a Gefor? D’Debatt ëm Trans Athletinnen & d’Basket-WM

Coachseet

About

An dëser Episod schwätze mir iwwer eng aktuell an kontrovers Diskussioun am Fraebasket: Wéi soll de Sport mat transgender Athletinne ëmgoen? Eng transgender Spillerin kéint sech fir den WNBA Draft 2027 umellen – an domat stellt sech d’Fro, ob a wéi si dierf matspillen, wat „fair“ am kompetitive Sport bedeit a wéi de Fraesport geschützt ka ginn.

Mir diskutéieren déi verschidde Perspektiven, d’Argumenter ronderëm Fairness an Inclusioun an firwat d’Thema aktuell esou vill Welle mécht.

Ausserdeem kucke mir op d’Fraen-Basketball-WM, déi den 3. September zu Berlin ufänkt, a schwätze iwwer dat, wat eis bei dësem grousse Basketball-Event erwaart.

Eng Episod iwwer Basketball, Fairness, Inclusioun an d’Zukunft vum Fraesport – mat enger Diskussioun, bei där et definitiv verschidde Meenunge gëtt.