About
An eiser 20. Episod schwätzen mir iwwert d’Fro: Wéini ass een eigentlech selbstbewosst – a wéini wierkt een einfach arrogant? Mir kucken och, firwat Selbstbewosstsinn bei Männer a Fraen heiansdo ganz anescht ugesi gëtt.
Ausserdeem schwätze mir iwwert d’U16-EM bei de Meedercher, déi grad zu Lëtzebuerg gespillt gëtt, a wat do alles lass ass.
A well Lëtzebuerg natierlech seng eege speziell Sprooch huet, probéiere mir och e puer Lëtzebuerger Wierder a Spréch erauszefannen a kucken, wat se eigentlech bedeiten.