
About
De Benno gewënnt de Match am Ofstigskampf, Péiteng klappt Rodange, Käerjeng sammelt no laanger Zäit keng Punkten an et ass e verdammt grousst Lach an der Tabelle. U wiem läit dat? Wat ass an der Éierepromotioun lass gewiescht? Wat ass zu Menster geschitt a firwat muss den Dylan erëm op d’Bänk? Wien ass de Bläifouss zu Leideleng a kënns du och schonn sou lues a WM-Féiwer? Alles a nach méi an dëser Episod Buvette mam Titel Bläifouss.