
03 October 2025
Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d’Arméi ee Stand um LOA hat
Am Bistro mat der woxx
About
Bei der leschter Editioun vum Lëtzebuerger Technofestival „Luxembourg Open Air“ hat d’Arméi ee Stand fir jonk Leit ze rekrutéieren. Wéi dat bei „Peace Love Unity Respect“, de Motto vun der Technozeen, passe sollt, wollt eng Lieserin vun der woxx wëssen. De Fabien Grasser huet probéiert, dat erauszefannen – an huet fir d’woxx analyséiert, wéi d’Recrutementsstrategie vun der Lëtzebuerger Arméi amgaangen ass, sech ze veränneren. Dat ass een Ausdrock vun enger méi grousser Militariséierung, déi een och zu Lëtzebuerg spiert.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Recrutement militaire : La musique qui marche au pas…
The post Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d’Arméi ee Stand um LOA hat first appeared on Radio ARA.